Op den Inhalt sprangen

Victoria (Marskrater)

Vu Wikipedia
Victoria (Marskrater)
De Victoria-Krater
Eegenschaften
RegiounMeridiani Planum
Koordinaten02° 3' S, 5° 30' W
Duerchmiesser730 m
Déift70 m
EntdeckerOpportunity
Genannt nomSchëff Victoria

De Victoriakrater ass en Aschlagkrater um PlanĂ©it Mars. Hien ass am Meridiani Planum a lĂ€it op 5,50° W an 2,05° S. Et war e Fuerschungsobjet vum Rover Opportunity. Mat enger Breet vu ronn 730 m an enger DĂ©ift vu 70 m ass e bal aachtmol mĂ©i grouss wĂ©i den Endurancekrater. De Victoriakrater gouf nom SchĂ«ff Victoria, engem vun de fĂ«nnef SchĂ«ffer vum Ferdinand Magellan an dat Ă©ischt SchĂ«ff, dat eng ÄerdĂ«msegelung gemaach hat, genannt.

De Victoriakrater ass interessant fir d'Wëssenschaftler, well hie bitt d'Méiglechkeet, mam Rover Opportunity méi déif geologesch Strukturen op der UewerflÀch z'ënnersichen, déi Réckschlëss op d'Entwécklungsgeschicht vum Mars zouloossen. Sou leie bei de géie Ramplie vum Krater bis zu 30 m déck Sedimentschichten.

Den Opportunity hat 21 MĂ©int gebraucht, fir de Victoria-Krater de 26. September 2006 (Sol 951) an der „Duck Bay“ z'erreechen. An der noer ËmgĂ©igend vum Krater goufe weider Objete genannt: „No Name“, „Duck Crater“, „Emma Dean“, „Maid of the Canyon“ a „Kitty Clyde’s Sister“.

Den 29. August 2008 ass den Opportunity nees aus dem Krater erausgefuer an huet sech op de Wee bei den Endeavourkrater gemaach deen 12 Kilometer dovun ewech lÀit an deen en am August 2011 erreecht hat.

Resultater vun den Ënnersich

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Beim Krater wiessele sech gĂ©i Klippen a flaach Abuchtungen laanscht de Rand of. Duerch dĂ©i Strukture lĂ©isst sech ofschĂ€tzen, datt de Krater frĂ©ier mĂ©i kleng war wĂ©i haut an duerch Wanderosioun Ă«m 25 Prozent mĂ©i grouss gouf. BĂ€ileefeg gouf hie mat Sand opgefĂ«llt. D'Klippen hu Fielse mat Schichtstrukturen, dĂ©i bis zu 9 m dĂ©ck sinn. DĂ©i visuell Schichtmusteren deiten drop hin, datt d'Fielse frĂ©ier WanderdĂŒne sinn, dĂ©i sech spĂ©ider Ă«nner dem Afloss vu Waasser zu Sandstee verfestegt hunn.

Am Gestengs vum Victoriakrater goufe Steekugelen, dĂ©i sougenannt „Blueberries“ fonnt. DĂ©i Steekugele goufen iwwerall op der MeridianiflĂ€ch fonnt. Si bilde sech normalerweis, wa Waasser duerch Gestengs drĂ©ckt. Well d'Kugelen an den dĂ©iwe Lage vum Krater mĂ©i grouss si wĂ©i dĂ©i op mĂ©i hĂ©ije Lagen, gĂ«tt dovun ausgaangen, datt den Afloss vum Grondwaasser an den dĂ©iwe Lage mĂ©i intensiv war.

Um Rand vum Krater goufe Meteorittestécker fonnt, déi eventuell zum Impaktor gehéiert hunn, deen de Krater gebilt hat.

Bei der Analys vun der Abuchtung mam Numm „Duck Bay“ gouf festgestallt, datt sech dĂ©i Ă«nnescht Schichten an der cheemescher Zesummesetzung vun den ieweschten Ă«nnerscheeden. DĂ©i Ă«nnescht Lagen hu manner Schwiewel an Eisen, awer mĂ©i Aluminium a Silizium. DĂ©i Zweedeelung gouf och am Endurancekrater op 6 km Distanz festgestallt. Doraus kann e schlĂ©issen, datt d'Konditioune vun der ËmgĂ©igend, dĂ©i d'Gestengs verĂ€nnert hunn, regionale Charakter haten, an net nĂ«mme lokal gewierkt hunn.[1]

Dëst Panoramabild (zimmlech no bei de richtege Faarwen) ass zesummegesat aus Eenzelfotoen déi vum MER Opportunity an engem ZÀitraum vun drÀi Wochen (vum 6. Oktober bis 6. November 2006) opgeholl goufen

Portal Astronomie

 Commons: Victoria-Krater – Biller, Videoen an Audiodateien
  1. ↑ Archive copy ArchivĂ©iert den 22.11.2013. Gekuckt den 11.02.2014.