Provënz Alicante
Ausgesinn
| ||||
|---|---|---|---|---|
| Basisdaten | ||||
| Land | ||||
| Autonom Gemeinschaft : |
Valencia | |||
| Haaptstad : | Alicante | |||
| Fläch : | 5.816,5 km² | |||
| Awunner : | 1.825.264 Aw. (2007) | |||
| Lag | ||||
Lag vun der Provënz Alicante | ||||
| Autonom Gemeinschaften - Provënzen | ||||
Alicante (val.: Alacant) ass eng vun dräi Provënzen an der spuenescher autonomer Regioun Valencia. D'Haaptstad ass Alicante.
Alicante grenzt un d'Provënzen: Murcia, Albacete a Valencia an un d'Mëttelmier.
2005 gëtt et 1.732.389 Awunner an der Provënz.
Wichteg Stied, nieft der Haaptstad, sinn nach: Elche, Torrevieja, Orihuela, Benidorm, Alcoy, Elda, San Vicente del Raspeig, Denia, Villena, Petrer a Jávea, déi all iwwer 28.000 Awunner hunn.
Déi gréisst a wichtegst Flëss sinn de Segura an den Vinalopó.
Alicante ass an 9 Géigenden (Comarcas) agedeelt: Condado de Cocentaina, Alcoià, Marina Alta, Marina Baja, Alto Vinalopó, Vinalopó Medio, Bajo Vinalopó, Alacantí an Vega Baja.
