Op den Inhalt sprangen

Gemeng Wanseler

Vu Wikipedia
Gemeng Wanseler
D'MĂ€rei vu Wanseler
An anere Sproochen fr: Winseler
de: Winseler
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Wolz
Chef-lieu Wanseler
Buergermeeschter Romain Schroeder
Awunner 1.590
  1. Januar 2026
FlÀch 3.062,9319 ha
Héicht 334 m
Koordinaten 49° 58’ 02’’ N
      05° 53’ 24’’ O
LAU-Code LU0808
WebsÀit https://winseler.lu
Gegrënnt 1. Oktober 1795
D'Gemeng Wanseler (orange) am Kanton Wolz (rout)

Kaart

D'Gemeng Wanseler ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se lÀit am Kanton Wolz. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wanseler vun dÀr se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 1.590 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

D'Gemeng Wanseler lÀit am Dall vun der Wolz, am Nordweste vum Kanton Wolz op der belscher Grenz, tëscht der Stauséigemeng, an de Gemenge Wolz a Wëntger. Am Nordweste stéisst se un d'Uertschaft Bras an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Wanseler ass eng vun de siwe Gemengen aus dem Naturpark Uewersauer.

Wanseler ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer den CR319. Bis 1967 war Wanseler och un d'Eisebunnsnetz ugebonnen an zwar iwwer d'Streck Wolz-Baaschtnech.

Wandrous Wëntger Wandrous
(B) N Wolz
W    Wanseler    O
S
Stauséigemeng

Uertschaften an der Gemeng

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

HĂ€ff a Lieu-diten

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

D'Gemeng Wanseler ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Am Kader vum Remembrement si mam Gesetz vum 19. Februar 1975 verschidden Terrainen an de Sektioune Soller an Eeschpelt tëscht de Gemenge Wanseler an der deemoleger Gemeng Harel (haut Stauséigemeng) getosch ginn.[3]

Beschreiwung am Originaltext:

d'argent Ă  l'aigle de sable, armĂ©, bequĂ©e et languĂ©e de gueules, au chef du mĂȘme chargĂ© de trois losanges d'or
D.C. 23. September 1981 - A.M. 30. Oktober 1981 - Mémorial B 1981, SÀit 1244 - Projet: 1981 Jean-Claude Loutsch

Demographesch Entwécklung

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
AwunnerJoer4006008001000120014001600180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

De Gemengerot vun der Gemeng Wanseler gëtt nom Majorzsystem gewielt.

  • 1810–1840: Nicolas Weinandy
  • 1840–1864: Jean-Pierre Weyrich
  • Vun 1864–1881 feelen d'Informatiounen
  • 1881–1902: Jean-Michel Weinandy
  • 1903–1904: Edouard Weyrich
  • 1904–1922: A. Weinandy
  • 1922–1926: Louis Klein
  • 1926–1944: Joseph Didier
  • 1945–1953: Pierre Kinnen
  • 1954–1975: Nicolas Eicher
  • 1976–1981: ThĂ©o Berg
  • 1982–2001: Camille Weiler
  • zanter 2002: Romain Schroeder

KuckeswÀertes

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Interkommunal Syndikater

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

D'Gemeng Wanseler ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

  • Evy Friedrich an anerer: Die Gemeinde Winseler mit BerlĂ©, Doncols, GrĂŒmelscheid, Noertringen, Pommerloch, Schleif, Soller und Winseler, 1980, Bourg-Bourger, 210 S. + Unhang: Grenzwallonisch aus Doncols-Soller 103 S.
 Commons: Gemeng Wanseler – Biller, Videoen an Audiodateien
  1. ↑ DĂ«s Informatioun gĂ«tt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des Ă©tudes Ă©conomiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
  3. ↑ (fr) Loi du 19 fĂ©vrier 1975 portant redressement de la limite communale de Harlange et de Winseler Ă  l'intĂ©rieur du pĂ©rimĂštre de remembrement de Tarchamps-Watrange. data.legilux.public.lu (19.02.1975). Gekuckt den 13.07.2026.
  4. ↑ LĂ«scht vun de Buergermeeschteren am Buch Die Gemeinde Winseler vun 1980, S. 14
  5. ↑ LĂ«scht mat de Gemengerotsmembere zanter 1946, op der WebsĂ€it vun der Gemeng Wanseler