Péitruss
| Dësen Artikel beschÀftegt sech mat der Baach Péitruss. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Péitruss (Homonymie). |
|
D'Péitruss op der Helfenter Bréck | |
| An anere Sproochen |
fr: Pétrusse de: Petruss |
|---|---|
| LĂ€ngt | 12,7 km |
| Hydrographesche Baseng | RhÀin |
| Originn | |
| Originn | Quell |
| Plaz |
Dippecherbësch Gemeng Dippech |
| Héicht | 345 m |
| Koordinaten |
49° 35â 53ââ N       05° 59â 34.9ââ O |
| Konfluenz | |
| Leeft an | d'Uelzecht |
| Plaz | Gronn |
| Héicht | 245 m |
| Koordinaten |
49° 36â 27.1ââ N       06° 08â 14.4ââ O |
| Haaptnieweflëss | Grouf, Aalbaach, Zéissenger Baach. |
| Geographie | |
| Land |
|
| Uertschaften | Bartreng, MĂ€rel, Hollerech, Gronn |
|
| |

D'Péitruss ass eng Baach an de Gemenge Stad Lëtzebuerg, Bartreng an Dippech. Si huet hir Quell am Dippecherbësch op enger Héicht vun 345 Meter a leeft vu do un no Osten fir am Gronn op enger Héicht vun 245 m an d'Uelzecht ze lafen.
Si ass 12.7 km laang an hir Niewebaache sinn d'Grouf, d'Albaach an d'Zéissenger Baach.
Den Numm kënnt vum laténgesche Wuert petrosus[1], wat op déi vill Steng (Lat.: petra[2] = Fiels, Steen) hiweist, déi viraals am Laf vun der Péitruss (rivus petrosus[3] an alen Dokumenter) ze fanne waren.
Bei der Administration de la gestion de l'eau huet d'Péitruss de Code N° 555.
De Péitrussdall an der Stad
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]Op hirem Wee duerch d'Stad leeft si duerch deen no hir genannte PĂ©itrussdall, deen d'Uewerstad vum Garer Quartier trennt. Iwwerspaant gĂ«tt dĂ«sen Dall vun zwou BrĂ©cken, der Aler BrĂ©ck an der Neier BrĂ©ck. Allgemeng gĂ«tt deen als Park ugeluechte PĂ©itrussdall âan der PĂ©itrussâ genannt.
Vun Hollerech u fléisst d'Péitruss zanter 1933 an engem kënschtleche Bett, dat sou gebaut ass datt bei Nidderegwaasser just e Kullang mat Waasser gefëllt ass a bei Héichwaasser dat ganzt Bett. Beim Ofhuele vum Waasserspigel bleiwe keng Sedimenter leien, mÀ alles fléisst zeréck an de Mëttelkullang a gëtt mat weidergeholl.
Nieft dem Flossbett sinn nach Reschter vun der sougenannter Bourbons-Schleis[4] ze gesinn, déi 1728 gebaut gouf, fir den Dall iwwerschwemmen ze kënnen, am Fall wou d'Stad ugegraff géif.
Zanter enger Rei vu Joren hu PlÀng bestanen, fir eng 20 Milliounen Euro d'Bett ze renaturéieren an d'UwÀnner mat de Weeër nei unzeleeën[5]. De Projet vun enger Renaturéierung gouf den 8. Juli 2019 vum Stater Gemengerot ugeholl.
Dës PlÀng gesi vir, d'Aarbechten an zwou Phasen ze maachen[6]:
- Déi éischt Phas, vun der Tilleschgaass bis bei d'Bourbons-Schleis soll Enn 2019 ufÀnken a bis 2025 fir d'Gaardenausstellung LUGA 2025 fÀerdeg sinn. De previsionnele Budget lÀit bei 25,91 Milliounen Euro;
- D'Aarbechte vun der zweeter Phas, vun der Bourbons-Schleis bis bei d'Antwerpenerstrooss sollen nom Enn vun der LUGA, am Joer 2025 ufÀnken. De Budget fir dës Phas lÀit bei 14,99 Milliounen Euro.
Am Péitrussdall gouf 2016 de Skatepark Péitruss amenagéiert. Tëscht 2014 an 2020 ass en Zichelchen, d'Péitrussbunn, do gefuer.
Fotoen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- D'Péitruss zu Bartreng
Vun der Natur an de Bëtong - D'Grouf (lénks) leeft an d'Péitruss
- FoussgÀngerbréck iwwer d'Péitruss zu Hollerech
- Den Dall vun der Péitruss mat der Neier Bréck
- ... a mat der Aler Bréck
- D'Péitruss bei der Bréck vun der Tilleschgaass
- D'Péitruss vun der Uelzecht aus gesinn
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]|  Commons: PĂ©itruss â Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext Ă€nneren]- â Cf. https://en.wiktionary.org/wiki/petrosus
- â Cf. https://en.wiktionary.org/wiki/petra
- â Cf. S. 10 in: https://onsstad.vdl.lu/fileadmin/uploads/flippingbook/ons_stad_38-1991_0-34.pdf
- â Eng Postkaart den Dag: Interessant Foto (ca. 1904) vun engem onbekannten Amateurfotograf op en Deel vum PĂ©itrussdall, mat enger nach net kanalisĂ©ierter PĂ©itruss an de Ruine vun der Bourbonschleis am Hannergrond. Gekuckt de 17.08.2020.
- â Max Lemmer: "Die Petruss soll wieder natĂŒrlich werden". Luxemburger Wort Nr.303, 28. Dezember 2016, S.20.
- â RĂ©amĂ©nagement Ă©cologique de la VallĂ©e de la PĂ©trusse mat PDF Dokument op vdl.lu, gekuckt den 8. Juli 2019
