Op den Inhalt sprangen

Ontario Lacus

Vu Wikipedia
Radar-Oftaaschtung vum Ontario Lacus duerch d'Cassinisond vum 12. Januar 2010.
Infraroutfoto vum TitansĂŒdpol. Den Ontario Lacus ass lĂ©nks vun der MĂ«tt als donkelt Gebitt ze gesinn.

Den Ontario Lacus ass e Methan/Ethan-SĂ©i an der GĂ©igend vum SĂŒdpol vum Saturnmound Titan. Als flĂ«ssege Kuelewaasserstoff-SĂ©i gouf den Ontario Lacus mat Infrarout-Observatioune vun der Raumsond Cassini den 31. Juli 2008 konfimĂ©iert. Den Ontario Lacus ass mat enger FlĂ€ch vun zirka 15.000 kmÂČ ongefĂ©ier sou grouss wĂ©i d'Steiermark, an ass domat eppes mĂ©i kleng wĂ©i den OntariosĂ©i an Nordamerika, vun deem den Numm hierkĂ«nnt.

Den 12. Januar 2010 hat d'Cassinisond eng hĂ©ich oplĂ©isend Radar-Oftaaschtung vum Ontario Lacus, dĂ©i vill bemierkenswĂ€ert Charakteristike weist, gemaach. Dat nĂ«rdlecht Ufer ass vun zirka 1 km hĂ©ijen Hiwwele souwĂ©i iwwerschwemmte FlossdĂ€ller markĂ©iert. Eng riicht, wellegeformt KĂŒstelinn, dĂ©i dĂ€r vum sĂŒdwestleche MichigansĂ©i glĂ€icht, kann am nordĂ«stleche BerĂ€ich observĂ©iert ginn. Parallel zum Ufer lafe Linnen dĂ©i kĂ©inten iwwer laang ZĂ€itraim duerch niddreg Wellen geformt si ginn, dĂ©i mĂ©iglecherweis duerch West- oder SĂŒdwestwand entstinn. DĂ©i sĂŒdĂ«stlech KĂŒst huet eng ronn Bucht dĂ©i wĂ€it an de SĂ©i erageet.

De mĂ«ttleren Deel vun der westlecher KĂŒst weist dat Ă©ischt observĂ©iert a gutt profilĂ©iert Flossdelta um Titan. Sou wĂ©i beim RhĂŽne-Delta an der fransĂ©ischer Camargue, handelt et sech no senger Morphologie ze schĂ€tzen Ă«m e wellendominĂ©ierten Delta, bei deem vun hĂ©ichleiende Gebidder kommend flĂ«ssig Kuelewaasserstoffer op hirem Wee zum SĂ©i hire Flosslaf wiesselen a sou op d'mannst zwou Hallefinsele gemaach hunn. Weider Beispiller vu Flosslafwiesselen respektiv wellendominĂ©ierten Deltae kĂ«nnen op der Äerd um sĂŒdlechen Enn vum AlbertsĂ©i an Afrika tĂ«scht Uganda an der Demokratescher Republik Kongo souwĂ©i als Iwwerreschter vum frĂ©iere Bannemier Mega-Tschad am Tschad fonnt ginn.[1]

Am Verglach mat ierdesche Séien vun Ànlecher Gréisst schéngt den Ontario Lacus opfÀlleg niddreg a glat ze sinn. Radaroftaschtungen am Juli 2009 a Januar 2010 haten eng duerchschnëttlech Déift vun nëmmen 0,4 bis 3,2 m bei enger Maximaldéift vun 2,9 bis 7,4 m erginn. Dat géif zu engem geschate Volumen vun nëmme 7 bis 50 km³ féieren, manner wéi en Drëssegstel vum ierdeschen Ontarioséi. All zu de MiesszÀitpunkten existent Wellen um Ontario Lacus waren héchstens 1 mm héich, wat entweeder op dat komplett Feelen vu Wand, an/oder eng viskos, d. h. déckflësseg Zesummesetzung vun de flëssege Kuelewaasserstoffer am Séi deit.

Portal Astronomie

  1. ↑ http://photojournal.jpl.nasa.gov/catalog/PIA13172