Moundrill
Ausgesinn

Als Moundrill ginn an der Geologie a Planetologie laang schmuel kanalaarteg DĂ©iften um Ăerdmound bezeechent. Op der Ăerd gĂ©if een Ă€nlech Formatiounen als Grief bezeechnen, mĂ€ fir de Mound hat sech d'Bezeechnung Rima (pl.:Rimae) etablĂ©iert[1]. Et gĂ«tt tĂ«scht drĂ€i Aarte vu Rillen Ă«nnerscheet:
- Laanggestreckt Rille sinn duerch geologesch Stéierungen entstanen. Se si meeschtens e puer dausend Meter breet, Honnerte vu Kilometer laang a bis zu 400 Meter déif.
- Gedréit Rillen erënneren u Lavastréim oder Flossbetter. Op den Enner vun dësen e puer honnert Kilometer laange Rille fënnt een dacks LÀcher déi Kratere glÀichen[2].
- Boufërmeg Rillen. Hiert Entstoe gëtt verstengerte Lavastréim zougeschriwwen. D'Fuerschung ass sech dees awer nach net sécher.
Déi bekanntst Moundrille sinn:
- d'Hyginus-Rill mat dem klenge Krater Hyginus am Knéckpunkt vun der Rill
- déi verÀschtelt Triesnecker-Rill an
- déi breet Ariadaeus-Rill.[3]
Kuckt och
[Quelltext Ànneren]Referenzen
[Quelltext Ă€nneren]- â http://www.astrolink.de/p012/p01204/p01204150000.htm
- â Archive copy ArchivĂ©iert den 28.09.2007. Gekuckt den 20.10.2011.
- â Fotoe dĂ«sen drĂ€i drei Rillen ArchivĂ©iert den 01.01.2005. Gekuckt den 20.10.2011.