Op den Inhalt sprangen

Kierchermillen

Vu Wikipedia
Kierchermillen
Aussprooch
Land Lëtzebuerg
Kanton Clierf
Gemeng Ëlwen
Buergermeeschter Édouard Mertens (DP)
Koordinaten 50° 08’ 17.7’’ N
      05° 58’ 17.4’’ O

Kaart

Kierchermillen, lokal Kirchermillen, op den topographesche Kaarten als Kiirchermillen ze fannen, ass e Lieu-dit an eng frĂ©ier Millen an der Gemeng Ëlwen.

D'Kierchermille lĂ€it 1 km sĂŒdwestlech vu Kierchen, an der Gemeng Ëlwen, am Dall vun der Wolz, wou dĂ©i vun der Weierbaach gefiddert gĂ«tt. D'Eisebunnslinn Ëlwen-Gouvy geet direkt do derlaanscht.

D'Kierchermille gouf 1331 als Bannmillen am FrÀiheetsbréif vun der FrÀiheet Beesslek vum Jang de Blannen ernimmt. 1747 war de Georg Finck de Millepiechter. 1790 gouf d'Mille fir 850 Daler un de Johann Pauly vu Mettendorf verkaaft a war vun do u keng Bannmille méi.[1]

Vun 1908 bis 1998 war d'Millen am Besëtz vun der Famill Schmitz-Pauly. 1946 war Schluss mam Muelbetrib. Duerno war se vun 1998 bis 2009 am Besëtz vun enger Stëftung.[1]

Déi nei Besëtzer vun der Millen, d'Famill Weis-Poeker, hu se vum Joer 2009 u restauréiert. D'Plaz vun der Kierchermillen, mat Terrain, Weier an DÀich, gouf de 7. Januar 2011 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter opgeholl[2].

D'Millerad gouf net vun der Wolz ugedriwwen, dĂ©i net wĂ€it dovu laanscht leeft, mĂ€ mat Waasser aus dem Milleweier, dee vun der Weierbaach gefiddert gĂ«tt. DĂ©i lescht Muelsteng aus Äifeler Sandstee sinn zu Kierchen op der KrĂ€izung vun der Haaptstrooss, an der Strooss, dĂ©i op d'Kierchermille fĂ©iert, opgestallt.[1]

D'original Millesteng an d'Francis-Turbinn (déi éischt Turbinn zu Lëtzebuerg) sinn am Haff vun der Millen opgestallt.

 Commons: Kierchermillen – Biller, Videoen an Audiodateien
  1. 1 2 3 Vgl. Infotafel bei der Millen an zu Kierchen bei de Muelsteng.
  2. ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bĂ©nĂ©ficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. September 2026).