Jacques Necker
| Jacques Necker | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
30. September 1732 Genf |
| Gestuerwen |
9. Abrëll 1804 Genf |
| Alter | 71Â Joer |
| Nationalitéit | Republik Genf, FrankrÀich |
| Aktivitéit | Politiker, Banquier, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser |
| Famill | |
| Bestuet mat | Suzanne Curchod (1764â1794) |
| Mamm | Jeanne Marie Gautier |
| Kanner | Madame de Staël |
|
| |
De Jacques Necker, gebuer den 30. September 1732 zu Genf, a gestuerwen den 9. Abrëll 1804 zu Coppet, war e SchwÀizer Finanzmann a Politiker am 18. Joerhonnert.
DrÀimol stoung den Necker als Generalkontroller vun de Finanzen am Déngscht vun der franséischer Monarchie ënner dem Louis XVI.: 1776, 1788 a 1789.
Hie war de Papp vun der Germaine Necker, Baronne vu Staël-Holstein (1766-1817), déi als Madame de Staël als Schrëftstellerin bekannt ginn ass.
SĂ€i Liewen
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]De Jacques Necker war den zweete Jong vum Karl Friedrich Necker, Affekot zu KĂŒstrin (Pommern) deen den 28. Januar 1726 Bierger vun der Republik vu Genf gi war, a senger Fra Jeanne Gautier.
Am Alter vun 18 Joer huet hien eng CarriÚre an der Bank Thélusson et Vernet ugefaangen, fir d'éischt zu Genf, spéider zu ParÀis, a konnt am Joer 1756 ee vun den drÀi Associéë vun der Bank Thélusson, Vernet et Necker ginn. Seng enorm Reussite als Banquier huet him erméiglecht, eng zolidd Zomm Suen op d'SÀit ze leeën[1]. Als Syndic vun der Compagnie des Indes konnt hien der Compagnie zu neiem Liewe verhëllefen (1764), allerdéngs konnt hien nÀischt géint d'Opléisung am Joer 1770 géint sÀi perséinleche Géigner Morellet maachen.
E puer Kéieren, ënner anerem am Joer 1772 huet den Necker dem kinneklechen Tresor grouss Zommen zoukomme gelooss, wouduerch de Choiseul an den Abt Terray op hien opmierksam goufen.
De Wee un d'Muecht
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
Am Joer 1764 huet den Necker sech mat der Szuanne Curchod, Duechter vun engem Pastor, bestuet, dĂ©i e groussen Afloss op seng CarriĂšre hat. Nodeem hien zum Minister vun der Republik vu Genf zu ParĂ€is ernannt gi war (1768), huet hien - encouragĂ©iert vu senger Fra - decidĂ©iert an d'Politik ze goen. Hien huet sech 1772 aus de Finanzen zerĂ©ckgezunn, a seng Interesse vun der Bank u sĂ€i Brudder Louis weiderginn. 1773 huet hien en Ăloge de Colbert erausbruecht, dee vun der AcadĂ©mie française gelueft gouf, a wou hien de Portrait vum ideale Minister beschreift. Hie presentĂ©iert sech als pragmatesch a flexibel, am GĂ©igesaz zum Generalkontroller vun de Finanzen Turgot. Als Symbol vum ekonomeschen Interventionismus vum Staat war de Colbert net nĂ«mmen d'Antithes vum Turgot, mĂ€ och en Apostel vum ekonomesche Liberalismus.
A priori huet awer nÀischt drop higewisen, datt den Necker eng Funktioun fir d'franséischt Gouvernement iwwerhuele géif: als Protestant war d'Dir vum Conseil du roi fir hien ipso facto zou ; hien hat keng weider Kenntnisser zum Gouvernement oder der kinneklecher Administratioun, hien huet den Haff nëmme vun deem kannt, wat en a senger Funktioun als Resident vu Genf konnt gesinn. Den Necker huet och net vill gelies, a sou hat hien och net vill Anung vun der franséischer Geschicht, der politescher an administrativer Organisatioun.
Allerdéngs hat d'ëffentlech Meenung eng aner Usiicht. Den 19. Abrëll 1775 huet hie sÀin Essai sur la législation et le commerce de grains erausbruecht, wou hie géint d'FrÀiheet vum GeschÀft mam Kar argumentéiert huet, wat géint d'Physiokraten, zemools den Turgot an de Morellet, gaangen ass. Dëst Wierk war en enorme SuccÚs an de Librairien, et koum grad richteg am Mielkrich eraus.
Dem Necker sĂ€in Opstig gouf aktiv vun de Membere vum Salon vun der Mme Necker Ă«nnerstĂ«tzt, a generell och vun de Philosophen, vun deenen den Necker vill Theorien unerkannt huet: a sengem Ăloge de Colbert huet hien d'ProprietĂ©it kritisĂ©iert, dĂ©i hien - an der Linn vum Rousseau - beschĂ«llegt, keen natierlecht Recht, mĂ€ e Gesetz vun de MĂ«nschen ze sinn, wat op Kraaft an ĂnnerdrĂ©ckung basĂ©iert[2]. Duerch seng sozial Roll justifiĂ©iert hien d'Relioun an erkennt d'Moral nĂ«mmen als MĂ«ttel, fir d'Vollek rouegzehalen un. D'chrĂ«schtlech Moral ass majoritĂ€r well si dĂ©i eenzeg ass, dĂ©i « puisse persuader avec cĂ©lĂ©ritĂ© parce qu'elle Ă©meut e mĂȘme temps qu'elle Ă©claire »[3].
Den Necker gouf ënner anerem vum Maurepas, Haaptconseiller vum Louis XVI. ënnerstëtzt.
Den éischte MinistÚre vum Necker (1776-1781)
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Den Doud vum Turgot sengem Nofollger, dem Clugny de Nuits huet dem Necker d'Geleenheet ginn, an d'Gouvernement eranzekommen. Als Protestant konnt hien awer net zum Generalkontroller vun de Finanzen ernannt ginn, well e mat dëser Funktioun am Conseil hÀtt misse sinn. Den 22. Oktober 1776 gouf hien zum Finanzconseiller an directeur général du Trésor royal ernannt. Den 21. Oktober gouf de Louis Gabriel Taboureau des Réaux offiziell zum Generalkontroller ernannt, mÀ a Wierklechkeet huet den Necker d'Fiedem am Hannergrond gezunn. Den Taboureau des Réaux ass den 29. Juni 1777 nees gaangen, ouni datt et e Remplacant gouf. Fir seng Wichtegkeet z'ënnerstrÀiche krut den Necker den Titel vum directeur général des Finances[4].
Am MinistÚre ukomm huet den Necker direkt mat wichtege Reformen ugefaangen, mÀ net op soueng brutal Manéier wéi den Turgot. Dës Reforme waren administrativ, sozial a finanziell.
Administrativ Reformen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
Op administrativem Plang huet den Necker d'Muecht vun der Generalkontroll vun de Finanze verstÀerkt. Hien huet déi sechs Plaze vun den Intendante fir d'Finanzen an den Handel ofgeschaaft[5], genee wéi och déi 48 receveurs généraux des finances an de Generalitéiten[6], déi 27 trésoriers généraux[7] an d'Generalkontrollere vum Krich a vun der Marinn (November 1778). An d'Plaz vun dësen Offizéier, déi hir Plaz net konnte verléieren an déi op Kommissioun bezuelt goufen, huet den Necker Beamte gesat, déi erausgehÀit konnte ginn, an eng fix Paye kruten[8].
Hien huet d'Kompetenz vun der Ferme générale op d'Gabelle, den Tubak an d'droits des traites et des entrées de Paris reduzéiert, an d'Unzuel vun de Fermiers généraux vu 60 op 40 erofgeschauft. D'Aides goufe vun enger Régie générale agesammelt, ëm d'Steieren op den Domaine huet sech eng Administration générale des domaines gekëmmert, déi vun Administratore mat fixer Paye dirigéiert gouf.
Den Necker wollt d'Muecht vun der Administratioun vergrĂ©isseren, awer och d'WillkĂŒr sou gutt wĂ©i mĂ©iglech aus dem Wee schafen. Hien huet e ComitĂ© contentieux des finances gegrĂ«nnt, deen d'ArrĂȘts de finances virbereede sollt, dĂ©i, obschonn se als ArrĂȘtsĂ« vum Conseil presentĂ©iert goufen, net wierklech aus enger kollektiver Diskussioun entstane waren, mĂ€ vun de Finanzintendanze virbereet gi waren. D'kinneklech Deklaratioun vum 13. Februar 1780 huet festgeluecht, datt d'Taille nĂ«mmen nach via PatentbrĂ©iwer dĂ©i d'Parlament enregistrĂ©iert hat, konnt erhĂ©icht ginn. D'Verificatioune sollten nĂ«mmen nach all 20 Joer virgeholl ginn[9].
Den Necker huet och speziell AssemblĂ©es provinciales an d'Liewe geruff, fir d'Muecht vum Parlament a vun den Intendants an de finanzielle Froe kleng ze halen, an huet hire Prinzip a sengem MĂ©moire au Roi sur l'Ă©tablissement des administrations provinciales (1776) beschriwwen. DĂ«s Versammlungen hunn en Ănnerscheed vun den drĂ€i StĂ€nn gemaach. Si konnte Steieren erhiewen a verdeelen, Stroossebauten dirigĂ©ieren, an dem Kinnek Representatioune maachen. VĂ©ier vun dĂ«sen AssemblĂ©eĂ« goufen agefouert, wouvun zwou och direkt hir Aarbecht opgeholl hunn: Berry, Haute-Guyenne, DauphinĂ© a Bourbonnais.
Den Necker huet och nach probéiert, eng gewëssen Transparenz mat eranzebréngen. An deem Sënn huet hien och am Januar 1781 sÀi Compte-rendu au Roi erausbruecht, wou hien detailléiert beschriwwen huet, wéi d'kinneklech Finanze funktionéieren, d'Prinzipië vu senger Administratioun erklÀert huet, an och op d'finanziell Situatioun vum Land agaangen ass.
Sozial Moossnamen
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]Den Necker huet d'Meenung vun engem aktive Staat am sozialen an ekonomesche BerĂ€ich vertrueden, Iddien, dĂ©i och schonn de Colbert hat. Hien huet net dru gegleeft, datt e sougenannte laissez-faire an der Wirtschaft de Leit vill Guddes brĂ©nge gĂ©if. Fir e GlĂ€ichgewiicht an der Gesellschaft ass, nom Necker, eng ĂnnerstĂ«tzung vum Staat noutwĂ€nneg:
- « C'est au gouvernement, interprÚte et dépositaire de l'harmonie sociale, c'est à lui de faire pour cette classe déshéritée tout ce que l'ordre et la justice permettent. »
Hien huet eng Kommissioun fir d'Spideeler vu ParĂ€is gegrĂ«nnt, souwĂ©i eng weider fir eng Reform vun de Prisongen. DĂ«s Kommissiounen hunn d'Basis vu grousse Reformen an dĂ«sen Institutiounen duergestallt: d'Prisonge vu Fort-l'ĂvĂȘque a vum Petit ChĂątelet zu ParĂ€is goufen zerstĂ©iert ; en neie Prisong gouf an der rue du Roi-de-Sicile speziell fir Leit, dĂ©i duerch Verscholdung agespaart goufen ageriicht; um Enn vum Joer 1778 gouf en neien Hospiz vun de ParverbĂ€nn vu Saint-Sulpice a Gros-Caillou duerch e generĂ©isen Don vun der Mme Necker ageriicht.
1779 huet den Necker d'Mainmorte fir d'kinneklech Territoiren ofgeschaaft. En Edikt vu 1780 huet de Spideler erlaabt, hiren Immobilier ze verkafen, an hir Fongen a Form vu Renten op de Kinnek oder d'StÀnn ze placéieren.
D'Finanzen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]D'Nominatioun vum Necker war duerch den akute Besoin vu Finanzmëttel nom Amerikaneschen OnofhÀngegkeetskrich begënschtegt, fir deen d'Preparatiounen am Juni 1776 lassgaange waren. De Krich war deier, e gouf souwuel zur Séi wéi och wÀit ewech vu FrankrÀich ausgedroen, an eleng 1777 goufen 150 Millioune fir d'secours extraordinaires gezielt, d'Gesamtausgabe ginn op eng Milliard Livres geschat.
Op finanziellem Plang hat dem Necker seng Politik net vill Prinzipien. Hie war der Meenung, de Staat kéint sou vill Suen ausléinen, wéi néideg wieren, soulaang den ordinÀre Budget ausgeglach wier. Well eng Steiererhéijung op kee Fall a Fro komm ass, engersÀits duerch d'Politik, mÀ och aus Prinzip[10], huet de Rendement misse verbessert ginn, ënner anerem duerch reng Reform vun der Finanzadministratioun, an och andeems d'Ausgabe géife kleng gehale ginn.
Fir dëst z'erreechen, huet hie ganz klassesch Moossnamen ergraff: Reduktioun vun den Ausgabe vun der Maison du Roi[11], d'Pensioune goufe méi genee ënner d'Lupp geholl, fir e Mëssbrauch ze verhënneren[12], an d'Deklaratioune vum Akommes goufen iwwerpréift.
Fir de Krich ze finanzéieren, huet den Necker grouss Zomme Suen ausgeléint, ronn 530 Millioune Livres zu engem héijen Zënssaz.
Den Necker gëtt erausgehÀit
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Dem Necker seng Reforme goufen am Ufank mat Erstaunen a Bewonnerung opgeholl. Sou huet de Barong vu Besenval geschriwwen:
- « Il est extraordinaire, que ce que n'ont osĂ© entreprendre les Ministres les plus accrĂ©ditĂ©s, le Roi lui-mĂȘme, vienne d'ĂȘtre effectuĂ© par un simple citoyen de GenĂšve, M. Necker, [...] occupant prĂ©cairement une place dont sa religion, sa naissance Ă©trangĂšre et les prĂ©ventions de la Nation semblaient l'exclure. »
D'ëffentlech Meenung war begeeschtert vun engem Minister, deen et fÀerdegbruecht hat, de Krich ze finanzéieren, ouni op eng Steiererhéijung zeréckzegrÀifen, an dat mat enger Kompetenz déi och déi Leit hu missen akzeptéieren, déi net onbedéngt vu sou "onorthodoxe" Methoden iwwerzeegt waren.
MÀ den Necker huet sech net nëmme Frënn gemaach: wéi hien d'Ferme générale ugegraff huet, huet en der Finanzwelt de Réck gedréint an d'Parlamenter waren net wierklech begeeschtert vu sengen Assemblées provinciales. D'Reduktioun vun de Ausgabe vum Haff déi am Compte-rendu au Roi (Januar 1781) presentéiert goufen, hunn him mÀchteg Feinde verschaf.
Am Fréijoer 1781, koum et zu enger Intrig mam Zil dem Necker de Kapp ze kaschten. Eng Grupp vum Haff (parti de la Cour) zesumme mat de Bridder vum Kinnek, de Princes du Sang a groussen HÀren huet d'Meenung agitéiert, ënner anerem duerch Libellisten, déi Pamphlete géint de Minister geschriwwen hunn, wouvu virun allem d'Lettre du marquis de Caracciole à M. d'Alembert (1. Mee 1781), warscheinlech aus der Fieder vum Calonne, e Protegé vum Vergennes a vum Grof vun Artois, dee gÀr dem Necker seng Plaz gehat hÀtt, am gehÀssegste war.
Enn [[AbrĂ«ll huet d'ParĂ€isser Parlament refusĂ©iert, en Edikt fir eng nei AssemblĂ©e provinciale am Bourbonnais z'enregistrĂ©ieren. DĂ«s Versammlungen hunn de Parlamenter en Deel vun hiren extra-judiciaire Kompetenze geholl, dĂ©i si natierlech net ouni Weideres verlĂ©iere wollten. Den Necker hat dĂ«st an engem confidentielle Manuskript un de Kinnek 1776 festgehalen, mĂ€ vun deem op d'mannst sechs Kopien zirkulĂ©iert sinn. Eng vun dĂ«se Kopien huet dem President vum Parlament vun der Guyenne gehĂ©iert, deem sĂ€i Jong, den Antoine Nicolas Waldec de Lessard, e Kollaborateur vum Necker war. E Pamphlet wat den 20. AbrĂ«ll 1781 u sechs Membere vum ParĂ€isser Parlament geschĂ©ckt gouf, huet dem Minister seng Intentiounen dĂ€itlech gemaach[13]. Den Ăischte President d'Aligre gouf op Marly geruff, an et gouf verbueden, weider iwwer de Memoire vu 1778 ze schwĂ€tzen. De Maurepas huet de Virschlag bruecht, de Genfer nees heemzeschĂ©cken.

De 16. Mee huet den Necker versicht, de Kinnek zu engem forcéierten Enregistrement ze bréngen, a gefuerdert, um Conseil deelhuelen ze kënnen. DrÀi Deeg drop huet de Louis XVI. dem Necker seng Fuerderunge refuséiert. Den Necker huet den 19. Mee 1781 demissionéiert. D'ParÀisser Bevëlkerung war net fuerchtbar begeeschtert vun dëser Nouvelle, a sou hu sech d'Awunner virum Schlass vu Saint-Ouen zesummefonnt, fir dem Necker ze weisen, datt hie bei hinnen nach ëmmer populÀr war.
Den Necker huet sech op Saint-Ouen zeréckgezunn. 1784 war hien an der SchwÀiz fir Aarbechten u sengem Schlass vu Coppet zw maachen, an ass 1785 duerch FrankrÀich gereest. Hien huet en neit Buch erausbruecht, De l'administration des finances, e kompletten Traité iwwer d'Finanzen an drÀi Volumen, wat e grousse SuccÚs war.
1787 huet de Calonne den Necker virun der Notabeleversammlung ugeklot, d'Meenung bedrunn ze hunn, a falsch Renseignementer a sengem Compte-rendu au Roi virgeluecht ze hunn: laut dem Calonne gouf et an de Konte vum Joer 1781 keen Excédent, wéi den Necker behaapt hat, mÀ en Defizit vu 50 Milliounen. Den Necker huet dem Calonne seng Zuelen nees a Fro gestallt. Doduerch gouf hien aus ParÀis exiléiert.
Zweete MinistĂšre vum Necker (1788-1789)
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Nom Echec vum Calonne stoung déi franséisch Monarchie virum virtuelle Bankrott. Fonge waren noutwenneg, a sou huet de Louis XVI. den Necker nees zeréckgeruff, an him de 25. August 1788 den Titel vum Directeur général des finances ginn. Zwéin Deeg méi spéit krut den Necker den Titel vum Staatsminister, wat him d'Dir zu de Conseilsën opgemaach huet.

DĂ«s nei Positioun an d'ĂmstĂ€nn hunn den Necker ermĂ©iglecht, eng ganz wichteg politesch Roll ze spillen. Hien huet d'ParĂ€isser Parlament nees zerĂ©ckgeruff, d'DeputĂ©iert waren exilĂ©iert ginn. Hien huet och en Datum fir d'Aberuffe vun de GeneralstĂ€nn virgeschloen an huet am November 1788 eng Notabeleversammlung aberuff, fir festzeleeĂ«n, wĂ©i d'Membere vun de GeneralstĂ€nn missen erausgesicht ginn. Och d'Punkte vun der Wal goufen ugeschnidden, mat der Representatioun vum DrĂ«tte Stand. Bei dĂ«sem leschte Punkt war dem Necker kloer, datt d'Versammlung d'Fuerderungen net gĂ©if akzeptĂ©ieren, mĂ€ hie selwer huet awer d'Verdueblung vun der StĂ«mm vum DrĂ«tte Stand Ă«nnerstĂ«tzt, wat zu senger BelĂ©iftheet bĂ€igedroen huet. Hie gouf als "patriotesche Minister" ugesinn.
Well de Weess knapps gi war, huet den Necker d'liberal Moossnam vum Loménie de Brienne ausser Kraaft gesat: hien huet d'Exportatioun vu Kar de 7. September 1788 verbueden, geneesou wéi den Akaf baussent dem Maart (23. November 1788); hien huet Kar am Ausland akaf, Primen op d'Importatioune ginn, an der Police d'Muecht ginn, sech drëm ze këmmeren, datt d'Kar och um Maart ukomm ass (22. Abrëll 1789).
Op finanziellem Plang huet den Necker en Dekreet vum Brienne réckgÀngeg gemaach, a versicht déi 70 Milliounen anzedreiwen, fir d'Scholde bis zu de GeneralstÀnn ze bezuelen[14].
WĂ©i d'GeneralstĂ€nn opgaange sinn, gouf dem Necker seng Ried, dĂ©i sech virun allem mat finanzielle Froe beschĂ€ftegt huet, schlecht opgeholl, d'DeputĂ©ierten haten nĂ«mmen d'ModalitĂ©ite vun der OfstĂ«mmung am Kapp. Den Necker huet refusĂ©iert, bei der kinneklecher SĂ©ance vum 23. Juni 1789 dobĂ€i ze sinn, wou de Louis XVI. festgeluecht huet, wĂ©i wĂ€it e bei de Konzessioune fir den DrĂ«tte Stand gĂ©if goen. Den 11. Juli huet de Kinnek den Necker wĂ©inst senger « condescendance extrĂȘme » vis-Ă -vis vun de GeneralstĂ€nn erausgehĂ€it. De Minister huet FrankrĂ€ich verlooss an ass den 13. Juli zu BrĂ©issel ukomm. Vun do goung et weider op Basel (20. Juli). D'Erausgeheie vum Necker gouf vun der BevĂ«lkerung ganz schlecht opgeholl, an huet zu den OpstĂ€nn de 14. Juli bĂ€igedroen.
Drëtte MinistÚre vum Necker (1789-1790)
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
De 16. Juli 1789 huet de Louis XVI. den Necker nees missen zerĂ©ckruffen. Hien huet den Titel vum Premier ministre des finances kritt. Zimmlech sĂ©ier huet hie sech gĂ©int d'AssemblĂ©e constituante gestallt, an domat virun allem gĂ©int de Mirabeau. D'DeputĂ©iere ware mat de finanzielle VirschlĂ©i vum Necker, dĂ©i op traditionell Methode vun de PrĂȘtsen opgebaut waren, net averstanen. De Necker sengersĂ€its huet sech gĂ©int d'AssignatsĂ« gestallt. De Mirabeau sot den 1. September 1790 zum Kinnek:
- « le Ministre actuel des finances ne se chargera point de diriger, comme elle doit l'ĂȘtre, la grande opĂ©ration des assignats-monnaie. Il ne revient pas facilement de ses conceptions et la ressource des assignats-monnaie n'a pas Ă©tĂ© conçue par lui ; il s'est mĂȘme dĂ©terminĂ© Ă la combattre. Il n'est rien moins qu'en bonne intelligence avec l'AssemblĂ©e nationale. Il ne gouverne plus l'opinion publique. On attendait de lui des miracles et il n'a pu sortir d'une routine contraire aux circonstances ».
Ănner dĂ«se Konditiounen ass dem Necker nĂ€ischt anescht iwwereg bliwwen, wĂ©i ze demissionĂ©ieren, wat hien den 3. September 1790 gemaach huet. Hien huet sech duerno an d'SchwĂ€iz op d'Schlass vu Coppet zerĂ©ckgezunn, wou hie weiderhi Wierker geschriwwen huet. Hien ass den 9. AbrĂ«ll 1804 gestuerwen.
SĂ€i Wierk
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]Dem Necker sĂ€i ganzt Wierk gouf gesammelt an ass als Ćuvres complĂštes de M. Necker publiĂ©es par M. le Baron de StaĂ«l, son petit-fils... zu ParĂ€is bei Treuttel et Wurtz vun 1820-1821, 15 Vol., in-8° erauskomm.
- Réponse au mémoire de M. l'abbé Morellet sur la Compagnie des Indes, 1769
- Ăloge de Jean-Baptiste Colbert, 1773
- Sur la Législation et le commerce des grains, 1775
- Mémoire au roi sur l'établissement des administrations provinciales, 1776
- Lettre au roi, 1777
- Compte rendu au roi, 1781
- De l'Administration des finances de la France, 1784, 3 Vol. in-8°
- Correspondance de M. Necker avec M. de Calonne. (29 janvier-28 février 1787), 1787
- De l'importance des opinions religieuses, 1788
- De la Morale naturelle, suivie du Bonheur des sots, 1788
- Supplément nécessaire à l'importance des opinions religieuses, 1788
- Sur le compte rendu au roi en 1781: nouveaux éclaircissements, 1788
- Rapport fait au roi dans son conseil par le ministre des finances, 1789
- Derniers conseils au roi, 1789
- Hommage de M. Necker à la nation française, 1789
- Observations sur l'avant-propos du « Livre rouge », ~ 1790
- Opinion relativement au décret de l'Assemblée nationale, concernant les titres, les noms et les armoiries, ~ 1790
- Sur l'administration de M. Necker, 1791
- Réflexions présentées à la nation française sur le procÚs intenté à Louis XVI, 1792
- Du pouvoir exĂ©cutif dans les grands Ătats, 1792
- De la Révolution française, 1796
- Cours de morale religieuse, 1800
- DerniÚres vues de politique et de finance, offertes à la Nation française, 1802
- Histoire de la Révolution française, depuis l'Assemblée des notables jusques et y compris la journée du 13 vendémiaire an IV (18 octobre 1795), 1821
Literatur zum Theema
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Ghislain de Diesbach, Necker ou la faillite de la vertu, Perrin, ParÀis, 2004. (ISBN 2-262-02219-4)
- Henri Grange, Les idées de Necker, Klincksieck. (ISBN 2-252-01640-X)
- Jean de Viguerie, Histoire et dictionnaire du temps des LumiÚres. 1715-1789, Robert Laffont, ParÀis, 2003. (ISBN 2-221-04810-5)
Um Spaweck
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]|  Commons: Jacques Necker â Biller, Videoen an Audiodateien |
- (fr) Notiz vun Comité d'histoire du ministÚre français de l'économie, des finances et de l'industrie
- (de) Literatur vum an iwwer de Jacques Necker
| VirgÀnger: Louis Gabriel Taboureau des Réaux | Generalkontroller vun de Finanzen 1776 - 1781 | Nofollger: Jean-François Joly de Fleury |
| VirgÀnger: Claude Guillaume Lambert | Generalkontroller vun de Finanzen 1788 - 1790 | Nofollger: Franséisch Revolutioun |
Referenzen an Notten
[Quelltext Ă€nneren]- â SĂ€i VermĂ©ige gouf op 7 Millioune Livres geschat am Moment vu senger Nominatioun zum Generalkontroller vun de Finanzen am Joer 1776.
- â De BesĂ«tz ass fir den Necker « traitĂ© de force et de contrainte ».
- â J. Necker, De l'importance des opinions religieuses, 1788.
- â PatentbrĂ©iwer vum 29. Juni 1777 hunn deklarĂ©iert, datt de Poste vum Generalkontroller vun de Finanze frĂ€i wier an hunn d'Funktiounen un d'Garde vun de Registere vun der Generalkontroll ginn, woubĂ€i e Brevet mam selwechten Datum den Necker zum directeur gĂ©nĂ©ral des finances gemaach huet.
- â Edikt vum Juni 1777.
- â D'Zuel vun de receveurs gĂ©nĂ©raux ass vun 48 op 12 erofgeschauft ginn.
- â D'Zuel vun den trĂ©soriers gĂ©nĂ©raux ass vun 11 op 2 erofgeschauft ginn.
- â D'receveurs gĂ©nĂ©raux kruten, ausser den ZĂ«nse vu 5 % vum WĂ€ert vun hirer Charge (1 Millioun) eng fix Paye vu 25 000 Livres als Remplacement fir d'Taxatioune vun hire steierlechen Operatiounen (AbrĂ«ll 1780).
- â ArrĂȘt vum Conseil vum 2. November 1777.
- â A sengem Ăloge de Colbert, huet den Necker d'Steier kritisĂ©iert a festgehalen, datt de PrĂȘt eng besser MĂ©iglechkeet fir de Staat wier, fir u Suen ze kommen.
- â 406 Officiers de la Bouche goufen ofgeschaaft an e Bureau gĂ©nĂ©ral d'administration des dĂ©penses de la Maison du Roi et de la Reine gouf am Januar 1780 Ă«nner der Leedung vum StaatssekretĂ€r vun der Maison du Roi an dem Necker selwer an d'Liewe geruff.
- â PatentbrĂ©iwer vum 8. November 1778. Parallel dozou koum den 22. Dezember 1776 e Reglement eraus, wat d'Erausgi vun neie Pensiounen zentralisĂ©iert huet.
- â Ănner anerem - an ouni Beweiser - gouf de Grof vun der Provence beschĂ«llegt, um Ursprong vun der Flucht ze stoen.
- â AvancĂ« vun der Caisse d'escompte a PrĂȘte bei de Financieren, Ă«nner anerem den NottĂ€r vu ParĂ€is.
