Op den Inhalt sprangen

Gibraltar

Vu Wikipedia
Gibraltar
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
Nulli Expugnabilis Hosti
(Ka vu kengem Feind eruewert ginn)
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Englesch
Haaptstad Gibraltar (Stadstaat)
Staatsform Iwwerséiterritoire vu Groussbritannien
Staatsleedung
Monarch vum Vereenegte Kinnekräich Charles III.
Regierungschef Fabian Picardo
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 6,5 km²
Bevëlkerung 34.003 (2020)
Bevëlkerungsdicht 4 423 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Nationalfeierdag 10. September
Nationalhymn Gibraltar Anthem
Praktesch Informatiounen
Wärung Gibraltar-Pond
Zäitzon UTC +1
Internet-TLD .gi
Internationalen Telefonsprefix +350

Gibraltar ass ee brittescht Iwwerséigebitt, bis 1981 als "Krounkolonie" bezeechent, op der ibeerescher Hallefinsel a gehéiert domat zum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland.

Gibraltar mécht déi nërdlech Grenz vun der Strooss vu Gibraltar, an ass déi Plaz wou Europa an Afrika am nooste beienee leien.

Gibraltar huet eng Fläch vu 6,543 km² an d'Grenz mat Spuenien ass 1.200 Meter laang.

De Mieresterritoire geet bis op 3 Séimeile virun d'Küst.

Den alen Numm vum Fiels vu Gibraltar ass Calpe. Am Altertum huet e mat sengem nordafrikanesche Géigestéck Abyla déi sougenannt "Saile vum Herakles" gebilt (cf. Strooss vu Gibraltar). Um Wope vu Gibraltar steet de Motto "Montis Insignia Calpe", wat souvill heescht wéi "D'Symbol vum Bierg Calpe".

Den Hafe vu Gibraltar

Fotosalbum vu Gibraltar

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Gibraltar – Biller, Videoen oder Audiodateien