Op den Inhalt sprangen

Bambësch

Vu Wikipedia
Bambësch
Beim « Kielenerwee » am Bambësch am Wanter 2024
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Rollengergronn, Millebaach, Beggen
Koordinaten 49°38'13,16"N, 6°5'43,37"O
FlÀch 679 ha
Den CR 181, Ofzweigung Rue des Sept-arpents, am Bambësch

De Bambësch ass e Bësch an der Gemeng Lëtzebuerg. E lÀit an der Quartiere Rollengergronn, Millebaach a Beggen am Norde vun der Stad.

De gréissten Deel lÀit op engem Plateau tëscht dem Reckendall an dem Briddel op enger Duerchschnëttshéicht vun 326 Meter. De Bambësch huet eng FlÀch vu ronn 679 ha, an ass domat nieft dem Gréngewald ee vun den zwéi gréisste Bëschmassiver zu Lëtzebuerg.

Am SĂŒden a Weste gĂ«tt de BambĂ«sch begrenzt duerch d'Millebaach an d'N12 dĂ©i vun de Siwebueren op Koplescht fĂ©iert an do op enger grousser Streck praktesch d'Grenz mĂ©cht tĂ«scht dem BambĂ«sch an dem Stroossener BĂ«sch, am Norden ass et den CR181 vun der Gafel vum Wee fir op d'Juegdschlass un, bis op de Rond-point mat dem CR215, an ongefĂ©ier 170 Meter duerno an Direktioun Koplescht e BĂ«schwee tĂ«scht dem BambĂ«sch an dem RoudebĂ«sch deen op der N12 erauskĂ«nnt. Am Osten ass et e Feldwee dee vum Juegdschlass aus iwwer d'Eecher Feld fĂ©iert an op Siwemuergen an der Millebaach erauskĂ«nnt.

De BambĂ«sch gehĂ©iert zum „Habitatgebitt Mamer- an Äischdall“ an domat zu den Natura-2000-Gebidder zu LĂ«tzebuerg.

 Commons: BambĂ«sch – Biller, Videoen an Audiodateien
  • „Kommunale WĂ€lder“ mat Informatiounen iwwer de BambĂ«sch, op der InternetsĂ€it vun der Stad LĂ«tzebuerg (gekuckt den 21. Juli 2024)